
40 Persoune kruten de leschte Mount de Flüchtlingsstatut unerkannt, vun 93 Decisiounen am Ganzen. 12 Leit goufen iwwert den Dublin-System an en anert europäescht Land zréckgeschéckt, 7 Persoune koumen iwwert dee selwechten an de Grand-Duché. 2 Demandeure vun enger internationaler Protektioun goufen an e Land baussent der EU zréckgeschéckt am Mee, eng fräiwëlleg an eng forcéiert.
1.173 Flüchtlingen aus der Ukrain hunn eng temporär Protektioun ugefrot am Mee, iwwerdeems 157 Leit d’Demande zréckgezunn hunn. 1.124 Leit aus der Ukrain kruten d’temporär Protektioun accordéiert am Mee, 24 Leit krute se refuséiert.