Esch a Schëffleng21 Stolpersteng fir un d'Affer wärend der NS-Zäit ze gedenken

Lynn Cruchten
Zënter den 90er Jore ginn europawäit sougenannt „Stolpersteine“ aus Messeng verluecht, déi un d’jüddesch Affer vum Nationalsozialismus erënnere sollen.
Zu Esch an zu Schëffleng verluecht
17 Stolpersteng fir un déi jüddesch Victimmen wärend der NS-Zäit ze gedenken.

D’Steng ginn am Trottoir virun deene Wunnenge verschafft, wou d'Affer virun hirer Deportatioun, Flucht oder Festnam gewunnt hunn. Um Donneschdeg goufen no enger Gedenkzeremonie 17 Stolpersteng op 5 Plazen zu Esch a 4 Stéck opgedeelt virun zwee Haiser zu Schëffleng verluecht.

An den zwou Südgemenge gi mat de Stolpersteng och zwee Resistenzler geéiert. Bis haut ginn et iwwer 80.000 där Gedenksteng a méi wéi 20 Länner. Zënter 2013 goufen och eng 100 Stéck zu Lëtzebuerg verluecht.

D‘Stolpersteng sollen engersäits un d’Geschicht an den Zweete Weltkrich erënneren, mee och op aktuell Ausgrenzungen, Ufeindungen, Antisemitismus, Xenophobie oder Rassismus opmierksam maachen.

Back to Top
CIM LOGO