Police218 Chauffere bei Alkoholkontrollen an der Stad ugehalen, 1 Permis agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police e Mëttwoch den Owend Alkoholkontrollen duerchgefouert. Vun am Ganzen 218 gestoppte Chaufferen haten zwee gedronk.
© RTL Archivbild

Direkt op e puer Plazen an der Stad huet d’Police d’Automobiliste gestoppt, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand: tëscht 19 an 20 Auer zu Hesper an der Gaasperecher Strooss, tëscht 21 an 22 Auer an der Rue de Rollingergrund an tëscht 23 Auer an Hallefnuecht an der Rue des Aubépines.

Vun den am Ganzen 218 Chaufferen, déi hu misse blosen, haten der zwee e positiivt Resultat an et gouf zwee Procès-verbauxen. An engem Fall war de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO