Bis e Méindeg um 16 Auer goufen am Asazzenter vum CGDIS ronn 239 Asätz vu Pompjeeën a Secouristen wéinst dem Stuerm gezielt. Gréisser Schied oder Blesséierter goufen et glécklecherweis net. All d’Dispositiounen ware beim CGDIS zanter e Sonndeg geholl ginn an dat an allen Asazzentren am Land.
Am RTL-Interview huet de Christopher Schuh vum CGDIS e Bilan vun den Auswierkunge vum Stuerm gezunn.
Et gëllt weider wuechtsam ze sinn, wëll duerchaus nach ëmmer kënnen Beem ëmfalen oder Äscht ofbriechen.
Am ganze ware ronn 200 Stroosse ganz oder deelweis gespaart. 70 vun deene ware komplett gespaart. 17 bloufen e Méindeg de ganzen Dag zou a ginn eréischt am Laf vun en Dënschdeg oder an den nächsten Deeg erëm op.
D’Police hat den Accès op d’Aire de Berchem a Richtung Stad aus Sécherheetsgrënn gespaart, well do Stécker vum Daach geflu sinn. Wéi d’Police matgedeelt huet, wieren all déi néideg Schrëtt geholl ginn, fir den Daach vun der Bensinsstatioun ze sécheren. Géint 10.20 Auer koum Entwarnung.
Nodeems den Noutfall-Interventiounsplang aktivéiert gouf, ass ënnert der Leedung vun der Inneministesch Taina Bofferding e Sonndeg den Owend um 23 Auer eng Concertatiounszell zesummekomm. Dat fir d’Situatioun z’analyséieren a weider Aktioune virzebereeden an ze koordinéieren. Dës Cellule huet sech och um 4 Auer an um 7 Auer e Méindeg de Moien nach emol gesinn, fir den Update ze maachen.
Um 10 Auer goufen dann och nei Zuele matgedeelt.
Eng 180 Mol war de CGDIS an der Nuecht op e Méindeg eraus am Kader vum Stuerm. Dofir ware 52 verschidden Interventiounszenteren am Asaz. Et blouf an alle Fäll beim Materialschued. Meeschtens goung et ëm ëmgefale Beem. 3 Mol war och e Bam op en Auto gefall. Géint 5 Auer e Méindeg de Moien ass och e Bam op den Tram gefall op der Héicht vun der Universitéit, der Coque. Do ass et bei liichtem Materialschued bliwwen an den Tram rullt an Tëschenzäit nees.
Zanter e Sonndeg de Mëtteg goufen 2.047 Noutriff traitéiert.
D’Ponts et Chaussées waren an 179 Fäll am Asaz.

E Méindeg de Moien um 8 Auer sinn zu Reiler 111 km/h gemooss ginn.
Op Grond vun der “Alerte rouge” gëtt viru Schied ë.a. un Haiser a Beem a viru Problemer am Stroossen-, Fluch- an Zuchverkéier gewarnt. Wéinst der Alerte Rouge goufen um Méindeg eng ganz Partie Saachen ofgesot oder lafen an engem anere Modus. D’Schüler mussen och net an d’Schoul.
Mam ville Reen aus de leschten, mä och an den nächste Stonnen kënne Flëss a Baachen am Land nees séier klammen. Op der Uelzecht zum Beispill ass ee schonn iwwert der Cote de Pré-Alerte.
Artikel: Peegele vun de Flëss a Baache sinn um Klammen
