Réckbléck vun der Santé249 Infizéierter an enger Woch zu Lëtzebuerg, Zuele gi weider rof

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch huet de Gesondheetsministère per Schreiwes de Réckbléck op d'Woch vum 10. bis de 16. August verëffentlecht.

D'Zuele gi konstant erof, esou de Bilan vum Réckbléck vun der Santé, deen et hei komplett nozeliese gëtt.

Wärend der Period tëscht dem 10. a 16. August goufen et 249 nei Infektiounen, 30% manner wéi d'Woch virdrun. Dobäi goufen et 1.779 nei Kontakter, e Minus vu 27%.An der 2. Woch hannerteneen, ass de Grand-Duché ënnert 50, nämlech op ronn 32 Neiinfektiounen op 100.000 Leit. Dass Lëtzebuerg net méi an Däitschland op der Risikolëscht steet, begréisst d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert ausdrécklech.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit um 16. August  bei 606, par Rapport zu 930 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn ass vu 6.168 op 6.739 geklommen.Am Laf vun der Woch, ginn et 2 weider Doudesfäll ze bekloen.De Reproduktiounstaux ass liicht geklomment, dat vun 0,73 op 0,78, ma de Positivitéitstaux vun den Tester fält vun 0,70% op 0,66%.D'Altersmoyenne vu Leit, déi positiv op Covid-19 getest goufen, läit bei 35 Joer, bleift also stabel am Verglach zu der Woch virdrun.Leit déi a Quarantän sinn oder waren

  

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

25/05/2020

31/05/2020

22%

20%

34%

18%

6%

01/06/2020

07/06/2020

35%

17%

28%

15%

5%

08/06/2020

14/06/2020

30%

18%

31%

18%

4%

15/06/2020

21/06/2020

19%

28%

29%

20%

5%

22/06/2020

28/06/2020

23%

32%

24%

18%

3%

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

26%

26%

24%

20%

3%

13/07/2020

19/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

19%

27%

25%

22%

7%

Vun den 249 neie positive Fäll, sinn der 63 op Reesen am Ausland zeréckzeféieren. Domat stellt dëst ronn 25% vun all de Fäll duer, eng liicht Erhéijung also. D'Santé rappelléiert dohier nach eemol fir d'Gestes barrière an dat virgeschriwwent Verhalen anzehalen, och an der Vakanz. Et soll een sech och teste loossen, wann ee Kontakt mat Risiko-Leit hat.

52 Fäll (21%) kommen aus Ustiechungen an der Famill, 12 Fäll (5%) sinn op Familljefeieren oder Feiere mat Frënn zeréckzeféieren. 23 Fäll kommen aus Infektiounsgruppe wéi Firmen, Wunngemeinschaften, verschidden Aktivitéiten oder Gesondheetssecteur.

PDF: Réckbléck vun der Santé op d'Woch vum 10. an 16. August

Back to Top
CIM LOGO