
De Motocyclist ass do aus bis ewell net gekläerter Ursaach an der rue de la Gare gefall, a wier nach op der Onglécksplaz un den uerge Blessure verstuerwen. Dat bestätegt d'Police och um Freideg de Moien am Bulletin.
Op der Plaz waren nieft dem Rettungshelikopter, an dem Ettelbrécker Samu, och d’Leit vum Groupe de support psychologique.
Schro war och den Accident tëscht Beyren a Mensder, en Donneschdeg den Owend géint 17.30 Auer. Zwee Autoe sinn do aneneegerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Eng huet aus hire Gefier missen erausgeschnidde ginn.
E Freideg de Moie géint 9.30 Auer huet et um Belair 2 tëscht Gefierer an der Avenue Gaston Diderich gerabbelt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Zwou Ambulanzen, d'Pompjeeën an de Samu aus der Stad waren op der Plaz.