Police sicht Zeien27 Joer al Fra op der A7 vu Camion erfaasst an u Suitte vu Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend huet eng Fra vu 27 Joer op der Nordstrooss hiert Liewe gelooss.
© Police

D’Police hat en Accident géint 21.15 Auer gemellt kritt tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Stafelter. Aus net gekläerte Grënn war eng Fra op der Pannespuer bliwwen an ass aus dem Auto geklommen. Si gouf vun engem Camion erfaasst, dee grad laanscht gefuer ass.

D’Fra aus dem Süde vum Land ass méi spéit un hire Blessuren an der Klinik gestuerwen. Déi zwou aner Persounen am Auto si fir eng Kontroll an d’Spidol komm. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz an d’Police judiciaire gouf vum Parquet mat der Enquête chargéiert.

D’Police freet an deem Kontext no Zeienaussoen. Leit, déi den Accident gesinn hunn, solle sech um 113 mellen. D’Autobunn war fir e puer Stonnen tëscht Luerenzweiler an dem Waldhaff gespaart.

Back to Top
CIM LOGO