Futtball-Championnat: BGL LigueKeng Punkte fir déi véier Opsteiger an Déifferdeng klappt de Racing

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war et d'Suite vum 4. Spilldag an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat.

An der BGL Ligue am nationale Futtball war e Sonndeg net den Dag vun den Opsteiger. Fir Ettelbréck, Walfer, Wolz a Rëmeleng gouf et jeeweils eng Néierlag.

Virun den eegene Spectateuren huet sech d'Etzella mat 0:1 géint Käerjeng misse geschloe ginn. Den decisive Gol huet den Dieye no engem Fräistouss vum Thill an der 49. Minutt geschoss. Déi dräi Punkte gi fir d'Gäscht an d'Rei.

Fir Walfer gouf et eng 1:2-Néierlag géint de Champion Biissen. Den Opsteiger war gutt an de Match gestart a war an der drëtter Minutt duerch de Monteiro Peti a Féierung gaangen. De Champion konnt d'Partie nach an der éischter Hallschent dréinen. Fir d'éischt hat de Ferber op 1:1 gesat, ier de Rodrigues da Cruz d'Gäscht a Féierung brénge konnt. Et ass bis zum Schluss beim 2:1 fir déi Biisser bliwwen.

Wolz ass zu Rouspert ënner d'Rieder komm. D'Lokalekipp huet den Opsteiger no Goler vu Walbrecq (2), Villeneuve a Kyereh mat 4:0 geklappt.

A fir de véierten Opsteiger Rëmeleng gouf et eng 2:3-Defaite zu Diddeleng. Rëmeleng war an der drëtter Minutt duerch de Mendes a Féierung gaangen, duerno konnten déi Diddelenger de Match dréinen an duerch Goler vu Morren an Teles Santos op 2:1 setzen. D'Gäscht konnten duerno nach emol per Eelefmeter op 2:2 ausgläichen, ma Minutte viru Schluss huet de Boulbrachène mam 3:2 dem F91 déi dräi Punkte geséchert.

Da gouf et och um 4. Spilldag keng Punkte fir Hesper. De Swift huet mat 0:2 géint Hueschtert de Kierze gezunn, d'Jeunesse war Munneref, déi nach ouni Néierlag sinn, 1:3 ënnerleeën an Déifferdeng huet sech mat 3:0 géint de Racing behaapt.

Schonn e Samschdeg den Owend hat Stroossen de Progrès mat 1:0 geklappt a kënnt domadder op de Maximum vun 12 Punkten an dëser Saison. Stroossen steet duerch dat besser Golverhältnis un der Spëtzt vun der Tabell, dat punktgläich mat Munneref. Hesper steet weider op der leschter Plaz mat -12 Punkten a fir d'Jeunesse gouf et dës Saison och nach keng Punkten.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO