
Mat deene 37 Liter op de Metercarré laanscht déi belsch Grenz hu mer a 24 Stonne méi wéi d'Hallschent vun der Moyenne am Januar erreecht. Um Findel sinn dat 76,6 Liter de Metercarré.
En Dënschdeg fänkt d'Meteo mat décke Wolleken an heftege Schaueren un, dobäi kënnt nach deels e kräftege Westwand dobäi. Plazeweis si Knëppelsteng net ausgeschloss. Op de Koppen iwwer 300 Meter kann et och schneien.

Mat Wandspëtzten tëscht 75 an 85 Kilometer an der Stonn, gëtt et nawell ongemittlech dobaussen. D'Temperature leien dobäi moies tëscht 2 a 7 Grad, owes kënnen d'Temperaturen op 0 Grad erofgoen.
An der Nuecht op e Mëttwoch ass et wiesselhaft. Schnéi, Schnéireen an och Knëppelsteng kënnen net ausgeschloss ginn, ma bis e Mëttwoch de Moie sollen d'Schaueren ofhuelen. Bei Temperaturen tëscht 1 a Minus 2 Grad kann et plazeweis och gutt glat op de Stroosse ginn.
Wéi d'Cita mellt, waren op ville Plazen am Land Beem ëmgefall, déi d'Stroosse blockéieren:
Op der N10 tëscht Iechternach an der Weilerbaach ass vill Bulli op der Strooss, et besteet Aquaplaning-Gefor.
Wéi de CGDIS nach matgedeelt huet, koum et en Dënschdeg bis 17 Auer zu am Ganzen 28 Asätz.
E Mëttwoch soll d'Wieder nees méi douce ginn, mat engem Mix aus Sonn, Wolleken a vereenzelte Schaueren. Op de Koppe kann och déi eng oder aner Schnéiflack erofkommen.
En Donneschdeg ass et am Ufank nach dréchen, am Nomëtteg kënnt vum Westen eng Reefront op eis duer. D'Temperature sinn dobäi mat 9 Grad awer däitlech méi mëll.
Um Freideg erwaart eis nees méi Reen an och wann et mat 9 Grad mëll bleift, soll et naass bleiwen, och de Weekend duerch.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.