
An der Woch vum 19. bis de 25. Abrëll goufen et am Ganzen 284 Corona-Fäll an de Schoulen zu Lëtzebuerg.
Vun allen Infektioune ginn der 270 dem Zenario 1 zougeuerdent, dat heescht, dass et 1 positive Fall an enger Klass gouf an de Virus sech net weider bannent der Schoul verbreet huet. Betraff waren 31 Lycéeën, 72 écoles fondamentales an 2 Centres de compétences.
8 Fäll waren et am Zenario 2, wou et maximal 2 Infektioune bannent enger Klass goufen.
Am Zenario 3 goufen et keng Fäll, dat heescht, dass bannent kenger Klass 3 bis 5 Infektioune registréiert goufen.
Am Zenario 4 goufe 6 Fäll gemellt, dat heescht, dass bannent enger Schoul ee Cluster festgestallt gouf. Dëst war am Lycée Vauban, wou 6 Schüler no enger privater Party vun den Ofschlossklasse positiv getest goufen.