Alkoholkontrollen295 Automobilisten hu misse blosen, 2 Permise goufen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police an der Nuecht op e Sonndeg op e puer Plaz am Land Alkoholkontrollen duerchgefouert.
© AFP (Archiv)

Tëscht 21.15 Auer e Samschdeg den Owend an 2 Auer e Sonndeg de Moien huet d'Police zu Miersch op der N7, zu Schëndels um CR 101 an an der Stad an der Route d'Arlon/Rue du Stade, dem Boulevard de la Foire/Avenue de la Faïencerie an an der Route de Thionville/Rue du Neufchâteau Alkoholkontrolle gemaach.

Am Ganzen hunn 295 Automobiliste misste blosen. An 12 Fäll war den Test positiv, 2 Führerschäiner goufen op der Plaz nach agezunn.

Back to Top
CIM LOGO