
Kuerz viru 6 Auer ass en Automobilist tëscht Wuelessen a Weller bäigaangen.
Um 6.46 Auer gouf et en Accident mat engem Auto zu Wolz an der Rue Michel Thilges an tëscht Diddeleng a Keel ass géint 7.25 Auer e Won op d’Kopp gaangen. Wéi d’Police en Donneschdeg den Owend mellt, hat de Chauffer, deen eleng am Auto war, wärend engem Iwwerhuelmanöver d’Kontroll iwwer säi Won verluer, ass an der Suite vun der Strooss ofkomm an huet sech iwwerschloen. Den Automobilist gouf net schwéier blesséiert.
E Mëttwoch den Owend krut d’Police e Chauffer gemellt, dee wuel ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie konnt géint 21.20 Auer u senger Adress zu Reiland ugetraff ginn, wou hie säi Fürerschäin ofgeholl krut.
E weideren alkoholiséierte Chauffer gouf an der Nuecht op en Donneschdeg zu Esch an der Rue Marie Curie gestoppt. Och hien huet säi Permis missen ofginn.