
Géint 17:10 Auer hat um Boulevard de la recherche zu Bieles e Gefier en Obstakel ze pake kritt. Bei deem Accident ass eng Persoun verwonnt ginn, op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch-Uelzecht.
Tëscht Helleng a Fréiseng hat kuerz no 20.30 Auer e weidere Chauffer en Objet geroden a gouf dobäi blesséiert. Hei waren d'Pompjeeë vu Fréiseng an d'Ambulanz vu Beetebuerg am Asaz.
An der Nuecht op e Samschdeg koum et um 00:45 Auer am Rond-point Biff zu engem Accident, an deen zwee Autoe verwéckelt waren. D'Pompjeeë Käerjeng a Péiteng, grad sou wéi d'Ambulanz vu Péiteng waren dohin, eng Persoun ass an d'Spidol gefouert ginn.
Dann huet et um Samschdeg Owend zweemol gebrannt. Um 20:45 Auer an der Stater Rue J.-P. Probest, wou eng Poubelle a Flame stoung, a kuerz virun 22:30 Auer haten zu Reisduerf an der Cité Jean Hientgen Hecke gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad, respektiv vu Reisduerf, konnten d'Bränn séier läschen.