30 Joer Fondation Autisme Luxembourg "Den Diagnostik ass enorm wichteg" 

Christophe Hochard
1996 gouf d'Fondatioun vun enge Rei Elteren an d'Liewe geruff, déi en autistescht Kand hunn. Deemools waren dës Leit zimmlech op sech eleng gestallt. 

D'Fondation Autisme Luxembourg gouf am Juni 1996 an d'Liewe geruff. Grënner ass de Claude Schmit, Papp vun engem autistesche Jong. "Virun 30 Joer war Autismus nach ganz wéineg bekannt. Hei zu Lëtzebuerg goufen et net vill Plaze fir eng Prise en charge ze maachen. Et war schonn extrem komplizéiert, fir en Diagnostik ze kréien. Do huet ee missen an d'Ausland goen. Fir eis war et wichteg, dass och eppes géif fir d'Kanner an déi Erwuesse Leit gemaach ginn. Zu e puer Elteren hu mir eis dowéinst zesummegesat, fir gemeinsam eppes op d'Been ze setzen."

Zu Munzen gouf dunn en Terrain op eege Käschte mat engem Prêt kaaft. "Mir hu geduecht, mir ginn dee Risiko an. Iergendwann huet de Familljeministère eis eng Konventioun ginn, fir do en Haus ze bauen. Duerno gouf Personal agestallt. Virop Educateuren. 18 Leit waren am éischten Haus zu Munzen. 9 sinn der aus dem CHNP komm. Doropshin ass Demande immens séier grouss ginn."

"Iwwer d'Hallschent vun de Leit, déi haut bei eis kommen, fir en Diagnostik ze kréien, ass iwwer 12 Joer al. Et muss also och eppes fir Jugendlecher an Erwuessener hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn". Sou de Claude Schmit am RTL-Interview.

Zu Munzen huet d'Fondatioun e "Lieu de vie" fir schwéier behënnert Autisten. Zu Rammerech geet et elo och esou en Zentrum. Zu Bieles si jonk Erwuessener. "Wann d'Kanner nach méi kleng sinn, wann een do usetzt, kann een nach vill méi erreechen. Do kann ee bewierken, dass si de Rescht vun hirem Liewe manner behënnert sinn. Méi autonom kënne sinn. Autistesch Leit entwéckele sech weider. Wann se bis eppes geléiert hunn, da gëtt et ëmmer besser. Do gëtt et de Service Lolipop, dat ass fir ganz kleng Kanner. Déi gi ganz intensiv gefërdert".

Iwwer 200 Leit schaffe bei der Fondation Autisme Luxembourg.

Um Internetsite www.fal.lu ginn et nach weider Informatioune ronderëm den Autismus hei zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO