
De Ruge reagéiert domat op eng rezent Ausso vum finnesche President Alexander Stubb, dee gewarnt hat, Europa hätt warscheinlech nach e puer Joer, fir sech militäresch nei opzestellen. "Das teile ich", seet de Boris Ruge. "Wir können natürlich keine genaue Jahreszahl nennen, aber ich glaube, das ist ungefähr der Zeitraum, um den es geht." Fir den NATO-Diplomat ass d’Drénglechkeet kloer: Europa misst seng eege militäresch Fäegkeeten ausbauen, fir sech besser verdeedegen ze kënnen.
De Boris Ruge gehéiert zu den erfuerene Sécherheetsdiplomaten an Däitschland. Hien ass zanter 2023 Assistant Secretary General fir politesch a Sécherheetsfroe bei der NATO. Virdru war hien ënner anerem däitschen Ambassadeur a Saudi-Arabien, Vizepresident vun der Münchner Sicherheitskonferenz an héijen Diplomat zu Washington. Seng Karriär am däitschen Ausseministère huet hien 1989 ugefaangen. E groussen Deel dovun huet sech ëm Sécherheetspolitik, NATO-Missiounen an de Balkan gedréint. Medieninformatiounen no soll hien an de kommende Méint den neien däitschen Ambassadeur an der Ukrain ginn.
De Boris Ruge gesäit Russland schonn haut an enger permanenter Destabilisatiounscampagne géint Europa. Dobäi géif et net nëmmen ëm klassesch militäresch Menacë goen, mee och ëm hybride Krichsféierung, Desinformatioun a Cyberattacken.
"Russland versucht fortlaufend zu destabilisieren", erkläert hien. "Diese hybride Kriegsführung sollten wir nicht unterschätzen." Zil dovu wier virun allem, déi westlech Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze schwächen. Bis elo wier dat awer net gelongen.
Gläichzäiteg mécht de NATO-Responsabel däitlech: esoulaang de Krich an der Ukrain weidergeet, gesäit hien net, datt Russland NATO-Staaten direkt kéint ugräifen. Op laang Siicht bleift d’Gefor awer reell: "Wenn dieser Krieg an ein Ende kommt, dann müssen wir davon ausgehen, dass Russland seine Streitkräfte wieder aufbauen wird." Dofir misst Europa och no engem eventuelle Fridden an der Ukrain weider massiv an d’Verdeedegung investéieren.
Eng besonnesch grouss Erausfuerderung gesäit de Ruge bei der Desinformatioun. Sozial Medien hätten d’Informatiounswelt fundamental verännert. "Wir leben in einem neuen Zeitalter", seet hien. "Es gibt so viele Kanäle der Information und der Desinformation."
Fir domat ze ëmgoen, misst virun allem déi jonk Generatioun léieren, Informatioune kritesch ze hannerfroen. Demokratien dierften sech net an "Bullen" zeréckzéien, mee missten oppen Debatten a pluralistesch Gesellschaften erhalen.
No den Ukënnegunge vum US-President, Dausenden US-Zaldoten aus Europa ofzezéien ze wëllen, gesäit de Boris Ruge och Feeler op europäescher Säit. "Ich glaube, das kann man so sagen", äntwert hien op d’Fro, ob Europa sech ze laang op den amerikanesche Schutz verlooss huet.
Nom Enn vum Kale Krich hätt Europa seng eege Verdeedegung vernoléissegt. Eréischt d’russesch Invasioune vun der Ukrain an d’Wale vum Donald Trump hätten e groussen Deel vun Europa waakreg gerëselt. Den NATO-Sommet zu Den Haag wier dofir e Wendepunkt gewiescht. Europa investéiert elo massiv méi an d’Verdeedegung. Vill NATO-Staate leien haut schonn iwwer dem fréieren Zil vun 2 Prozent vum PIB fir d'Verdeedegungsausgaben.
Dobäi lueft de Boris Ruge explizitt Lëtzebuerg. Och wann de Grand-Duché ee vun de klengste NATO-Memberen ass, wier seng Participatioun wichteg: "Luxemburg ist hier ein Paradebeispiel. Sie haben innerhalb weniger Jahre ihre Verteidigungsausgaben verdoppelt oder verdreifacht."
Och d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain géif "sehr viel Respekt" verdéngen. Fir de Ruge ass et entscheedend, datt all 32 NATO-Staate matzéien — och déi kleng. Besonnesch d’USA géifen drop kucken, datt d’Belaaschtung bannent der Allianz gedeelt gëtt.
Gläichzäiteg warnt de Ruge awer och: déi héich Verdeedegungsausgabe wieren "kein Selbstläufer". Regierunge missten der Bevëlkerung erklären, firwat déi Investissementer néideg sinn.
D’Leit missten d’Gefill hunn, datt d’Sue kompetent agesat ginn. An och no engem Enn vum Ukrain-Krich dierft Europa sech net erëm "zurücklehnen".