CGDIS3 Blesséierter bei 4 Accidenter um Samschdeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Op der Diddelenger Autobunn a Richtung Stad tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng huet um 14.26 Auer en Auto gebrannt.
© Jeannot Ries

Tëscht Beefort a Bäerdref krute sech um 14.46 Auer 2 Autoen ze paken. Derbäi goufen 2 Persoune verwonnt.

Um 15.55 Auer war et op der Areler Autobunn tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Gaasperecher Kräiz de Brand vun engem Auto.

Um 16 Auer dann war et zu Beetebuerg an der Diddelenger Strooss d’Kollisioun tëscht engem Trakter an engem Auto. Heibäi gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO