
Dëst geet aus der Äntwert op eng parlamentaresche Fro vun der CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch ervir. Eréischt rezent hat L'essentiel scho gemellt, dat 3 Crèchen hir Zouloossung Mëtt Juli ofgeholl kruten. Betraff sinn d'Crèchë Butzestuff zu Gaasperech an um Belair, sou wéi och Babillou an der Stad.
Dës dräi Crèchë ginn alleguerte vun deem selwechte Gestionnaire bedriwwen. Fir eng 100 Kanner huet vun haut op muer mussen eng nei Betreiungsstruktur fonnt ginn, 25 Employéë goufen entlooss. Am Ganze gehéieren dem Gestionnaire 7 Crèchen. Wisou den Agrément vun den 3 Crèchen net verlängert gouf, dozou wëll d'Gerante, d'Carine Jouant, näischt konkret soen. Et géingen Onstëmmegkeeten tëscht dem Educatiounsministère an hir ginn. D'Affär wier awer um Geriicht an dofir kéint si net méi dozou soen. Just esouvill, dass et sech ëm Infrastrukturproblemer géing handelen. Erwaart hätt si sech d'Decisioun vum Ministère awer net, et hätt ee jo probéiert, eng Solutioun ze fannen.
Den Alex Folscheid, Premier conseiller am Educatiounsministere seet awer, esou eppes géing net vun haut op muer passéieren. Iwwer 2 Joer hätt de Ministère d'Bedreiwer vun de Crèchen, déi hir Zouloossung verluer hunn, drop higewisen, dass se net en règle wieren a misste konform ginn. Wou dat awer net passéiert ass, hätt missen d'Decisioun geholl ginn, hinnen den Agrément net z'erneieren.
Iwwert konkret Dossiere kéint awer net geschwat ginn. Ma an der Reegel géing et sech ëm Infrastrukturproblemer handelen. Ee Grond wier, dass d'Fläch fir d'Unzuel vun de Kanner, déi betreit ginn, net grouss genuch wier. An dësem Fall misst einfach d'Zuel vun de Kanner reduzéiert ginn. Och Hygiènemanktem, zum Beispill an der Kichen oder Sanitär, ass eng Ursaach. Dës ze behiewen, géing natierlech ëmmer och gewëssen Investment fir de Bedreiwer bedeiten.
Wann d'Mängel da behuewen sinn, kann de Prestataire erëm eng nei Zouloossung kréien. Problematesch kann et awer ginn, wann eng Crèche vun engem aner Bedreiwer iwwerholl gëtt. An deem Fall brauch dësen en neien Agrément, woufir dann déi aktuellst Qualitéitskrittären erfëllt musse sinn. Dës wieren awer an de leschte Jore virun allem, wat d'Gebailechkeeten ubelaangt, eropgeschrauft ginn, esou den Alex Folscheid.