
E Sonndeg den Owend haten am Kader vum 2. Spilldag vun der BGL Ligue d'Jeunesse Esch an den FC Atert Biissen géintenee gespillt, woubäi d'Biisser mat 2:0 gewonnen hunn. An engem Post op Facebook an Instagram heescht et da vum Lëtzebuerger Champion, Membere vum Veräi wieren aggresséiert a bei Ausenanersetzungen och blesséiert ginn. Donieft wieren och Fändele geklaut ginn. Et géif een dës Incidenten, déi näischt an engem Futtballsstadion ze sichen hätten, ferm verurteelen.
Policebeamte goufen de Responsabele vun der Jeunesse no e Sonndeg den Owend keng bei den Escher Stade de la Frontière geschéckt, d'Police konnt eis och keen Asaz an deem Kontext confirméieren.
De President vun der Jeunesse Marc Theisen huet sech op RTL-Nofro "iwwerrascht" iwwert de Virfall gewisen. Hie selwer wier net do gewiescht, ma de Veräi géif eng Enquête lancéieren, fir déi genee Ëmstänn ze klären a falls néideg och Konsequenzen ze zéien. Hie wier doriwwer informéiert ginn, datt ënner anerem e Biisser Fändel verbrannt gouf.
E Méindeg de Mëtteg huet d'Jeunesse dann och mat engem offizielle Schreiwes reagéiert: Et géif een all Form vu Gewalt condamnéieren, sief et bannent oder baussent dem Futtballsterrain. Gläichzäiteg betount de Veräin, datt déi Responsabel vum Club bis ongeféier 23 Auer op der Plaz gewiescht wieren an näischt vun deem vum FC Atert Biissen beschriwwene Virfall matkritt hätten. Police wier och keng geruff ginn an et wier ee bis 23 Auer och vu kengem Responsabele vum Lëtzebuerger Champion ugeschwat ginn, fir iwwert déi genannte Faiten ze schwätzen oder se iwwerhaapt ze mellen.
Kritiséiert gëtt dann, datt déi Responsabel vum FC Atert Biissen sech dofir entscheet hätten, iwwert déi sozial Reseauen ze fueren, amplaz direkt mat der Jeunesse ze kommunizéieren.
Op Nofro hin huet de President vun der Jeunesse Marc Theisen no engem Gespréich mam President vu Biissen Carlos Texeira e Méindegmëtteg eng Enquête ugekënnegt, "well et schielt sech awer eraus, datt et – dat sinn elo Diskussiounen – loosse mer Mol soen e bësse méi en haarden Austausch komm ass tëscht Jeunesse Ultraen an deene vu Biissen." Een oder zwee Escher hätten de Biisser e Fändel ewechgeholl an duerno verbrannt an ee Biisser wier an d’Gesiicht geschloe ginn.
Och wann nach näischt bestätegt wier huet de Marc Theisen ugekënnegt, datt déi Responsabel an de Comité convoquéiert ginn, esoubal déi identifizéiert sinn. Den Affekot seet, de Veräin kéint elo "keng Selbstjustiz" ausüben, mee et misst een awer esou Comportementer ënnerbannen. Hien huet op finanziell Strofen higewisen, ewéi an der Vergaangenheet Supporter Feierkierper op den Terrain geschoss haten. "All Ausbréch vu Gewalt, ob se verbal sinn oder physesch (...) dat ass alles absolut inacceptabel", esou de Marc Theisen. Et misst een dat kloer zum Ausdrock bréngen "net just a Wierder, mee och an Doten".
"Leider gëtt et esou Incidenten", esou de Marc Theisen. Glécklecherweis nach net am Ausmooss ewéi op anere Plazen op der Welt. Mee de President vun der Jeunsse warnt: "Wehret den Anfängen".
E Méindeg den Owend huet dann och de Biisser President Carlos Teixeira op eis Ufro reagéiert an annoncéiert, datt de Veräin en Dënschdeg an enger Comitéssëtzung beieneekënnt, fir all d'Faiten zesummenzedroen an ze decidéieren, wéi ee weiderfuere wéilt. De Club wéilt dat dann och an engem weidere Schreiwes kommunizéieren.