
Op der RN31 tëscht Diddeleng a Beetebuerg krute sech e Méindeg am fréien Nomëtteg dräi Gefierer ze paken. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng.
Ee Blesséierte gouf et bei engem Accident um kuerz virun 13 Auer, dat zu Maarnech, bei deem et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto koum. Hei waren d'Rettungsdéngschter vu Klierf am Asaz.
Géint 16:11 Auer gouf dem 112 dann nach en Accident tëscht zwee Autoen op der A4 a Richtung Esch gemellt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Dann huet et och nach op enger Partie Plaze gebrannt. Zu Aasselbuer an um CR308 zu Heiderscheid koum et zu Vegetatiounsbränn, zu Nocher an zu Harel ass Stréi a Brand geroden