Police melltAbroch an Haus um Houwald a Gewalt op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
A béide Fäll konnten déi presuméiert Täter gestallt ginn.

Géint hallwer 5 de Moie krut d'Police en Abroch an der Rue Rudi Herber um Houwald gemellt. Éischten Erkenntnisser no gouf eng Kellerfënster duerch geschloen. Wéi d'Police op d'Plaz koum gouf en Tatverdächtegte bannen am Gebai gestallt. Et goufe geklauten Objete fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an en hat an der Suite Rendez-vous bei engem Untersuchungsriichter.

An der Nuecht op de Méindeg krut e Mann op der Place de la Gare an der Stad eng Kette vum Hals gerappt. Kuerz virdru gouf d'Affer an d'Begleedung vum presuméierten Täter ugeschwat. Kuerz nodeems d'Kette vum Hals gerass gouf, ass d'Persoun fortgelaf. D'Affer an d'Leit déi beim Affer dobäi waren, konnten de Mann mat der Ketten an der Rue du Fort Neipperg gestoppt a festgehale ginn, bis d'Police dozou gestouss ass. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO