Op eise Stroossen3 Leit an der Stad an 2 Kanner zu Diddeleng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, goufen en Donneschdeg den Owend am Ganzen 3 Foussgänger an der Stad an 2 Kanner zu Diddeleng ugestouss a blesséiert.
© RTL Archivbild

Géint 17.20 Auer war den éischte Virfall an der Rue du Rollingergrund an der Stad. D'Fra koum mat Blessuren an d'Spidol.

Knapp 10 Minutte méi spéit gouf een zweete Foussgänger ugestouss, déi Kéier an der Rue du Fort Niedergrünewald um Kierchbierg. Op engem Parking, dee wéineg beliicht war, krut e Gefier eng donkel ugedoe Fra ze paken. Den éischten Informatiounen no gouf si net blesséiert, d'Passantin koum awer fir eng Kontroll an d'Spidol.

Deen drëtte Blesséierte gouf et et an der Rue Erasme um Kierchbierg ëm 19.15 Auer.

Tëscht Sandweiler an Hamm war et nach een Accident mat engem Auto géint 20.35 Auer. Hei ass kengem eppes geschitt a gebrannt hat et um 23.24 Auer zu Beetebuerg. Offall hat do an der Rue de l'Indépendance Feier gefaangen.

Zu Diddeleng goufen e Freideg de Moie kuerz virun 8 Auer zwee Kanner vun engem Auto ugestouss. D'Detailer, wéi et zum Accident komm ass, feelen. Informatioune vum CGDIS no goufen déi Zwee liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO