Ënner anerem Keess gouf geklautZeienopruff no Abroch an Hotel zu Wuelessen lancéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun engem Abroch an d'Receptioun vun engem Hotel zu Wuelessen, bei deem ënner anerem eng Keess geklaut gouf, lancéiert d'Police en Zeienopruff.
© RTL Grafik

Geschitt ass den Abroch e Freideg de Moie géint 7 Auer an der Strooss "An der Deckt". Zwee onbekannt Täter sollen als éischt op engem Parking an der Déigend geparkt hunn a sinn dunn an d'Gebai agebrach. Eng Rei Raim goufen duerchwullt, an der Receptioun gouf ënner anerem d'Keess geklaut, heescht et ënner anerem am Schreiwes vun der Police.

Wie verdächteg Persounen oder Gefierer an der Géigend vum Hotel gesinn huet oder aner hëllefräich Informatiounen zur Dot huet, ass gebieden, sech beim Policebüro Ourdall ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 83 1000 oder per Mail u police.ourdall@police.etat.lu.

Och Abréch an Haus, Camper an op Site vu Schantje gemellt

Do virdru goufen et dann awer nach weider Abréch an der Nuecht op en Donneschdeg, en Donneschdeg am Nomëtteg an e Freideg de Moien:

An der Haaptstrooss zu Osper sinn d'Täter duerch e Fënster an en Haus agedrongen an hunn hei ënner anerem Bijouen an Auere matgoe gelooss.

An der Nuecht op e Freideg gouf et en Abroch an e Camper op enger Raschtplaz zu Bierchem. De Brigang huet hei d'Dier opgebrach an en Tablet, Boergeld an eng Kosmetik-Posch geklaut.

Um Site vun engem Schantjen an der Rue Dicks am Garer Quartier sinn e Freideg de Moie géint 6:30 Auer eng Rei Aarbechtsmaschinnen a Kleeder geklaut ginn.

An all de Fäll goufen Enquêtë lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO