Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Persoune gestuerwen, vun 12.486 Tester waren der 238 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 749 läit.
© RTL

Aktuell sinn 146 Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 op der Intensivstatioun.
 
2.298 Persoune kruten e Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 593 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 95. 657Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO