Accident an der Jonctioun Gréngewald3 Persoune mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg war et an der Jonctioun Gréngewald zu engem Accident tëscht 4 Autoe komm.
© CGDIS

Wéi RTL vun der Police gesot krut, hunn zwou Persoune missen aus dem Auto gebuerge ginn. 3 Leit goufe mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht. Si sinn awer viraussiichtlech net schwéier blesséiert. Well am Ufank gemellt gi war, et wiere Leit an engem Auto, dee brennt, hat de CGDIS eng ganz Rei Ambulanzen op d’Plaz geschéckt. Et sollt sech awer rausstellen, datt déi Meldung net der Realitéit entsprach huet.

Weiderhi mellt de CGDIS en Accident, zu deem et géint 11.50 Auer en Donneschdeg de Mëtteg koum. Op der Place des Rotondes zu Bouneweg haten sech e Camion an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO