No Abroch op Tankstell zu Wolz3 Täter mat VW Golf geflücht, Police sicht Zeien

RTL Lëtzebuerg
Géint 3 Auer gouf an der Nuecht op e Freideg an eng Tankstell zu Wolz, méi genee an der Rue du 10 Septembre, agebrach.
Police / Brücker Andy
Police / Brücker Andy
© Police / Brücker Andy

Éischt Ermëttlungen hunn erginn, dass 3 onbekannt Täter sech mat engem VW Golf mat belscher Plack aus dem Stëbs gemaach hunn. Am Laf vun den Ermëttlunge gouf d'Gefier tëscht Déierbech an Uewerwampech erëmfonnt, dat ouni Täter an der Géigend.

Och déi belsch Police huet sech un der Sichaktioun no dem Grenzgebitt ugeschloss. Bis ewell konnten d'Täter net identifizéiert ginn. Déi 3 Männer sollen alleguerten eng schwaarz Jackett gedroen hunn, eng Jackett hat wäiss Sträifen un den Äerm. 2 Männer haten eng schwaarz Box un, den 3. Täter dogéint eng gro Box a rout opfälleg Schong.

Leit, déi Informatiounen zu der Dot hunn, solle sech beim Commissariat des Ardennes um 2448 91000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO