
Beim Abroch goufen zwee Laptoppe geklaut an och Bijouen. All d’Informatioune si fir d’Police aus der Stad ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail (police.luxembourg@police.etat.lu).

De 6. an den 12. Januar huet e jonke Mann an der Avenue de la Porte-Neuve mat geklaute Kreditkaarte probéiert, Suen opzehiewen. Och hei ass d’Police op d’Hëllef aus der Bevëlkerung ugewisen. All nëtzlech Informatioune sinn déi Kéier fir d’Police vum Lampertsbierg ënnert der Nummer (+352) 244 48 1000 oder per E-Mail (police.limpertsberg@police.etat.lu).
De 7. Oktober 2021 koum et dann och nach zu engem Virfall op der Aire de Berchem a Richtung Frankräich. Hei gouf e Mann vun engem Onbekannte mat engem Messer menacéiert, fir him eng gréisser Zomm Suen ze ginn. D’Affer huet doropshi Suen opgehuewen a se dem Täter ginn, dee sech dono mat engem eelere schwaarze Ford Escort aus dem Stëbs gemaach huet. All d’Informatioune si fir d’Police aus dem Réiserbann ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail (police.reiserbann@police.etat.lu).
