
An der Péitruss ginn e Freideg 32 Beem gefält. Dat huet d’Stater Buergermeeschtesch e Mëttwoch de Moien um City Breakfast annoncéiert. Grond dofir ass verseuchte Buedem, op deen ee bei den Aarbechte fir d’Renaturéierung vun der Péitruss gestouss ass.
D’Lydie Polfer huet awer betount, datt déi Beem kompenséiert géife ginn. Déi positiv Säit vun där Geschicht wier, datt d’Bett vun der Péitruss op där Plaz elo méi breet kéint gemaach ginn. D’Aarbechten an der Péitruss géife gutt viru goen an dës Imprevue hätt och keen Impakt op den Timing vum Chantier, huet d’Stater Buergermeeschtesch nach verséchert.
Der Stad Lëtzebuerg gehéiere 6 Pop-up-Storen, fir déi elo erëm eng Partie Appels à candidatures lancéiert goufen. Wéi de Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes e Mëttwoch de Moien um City Breakfast betount huet, ass en neit Lokal dobäi komm, wat d’Stad Lëtzebuerg elo lount, an zwar an der Rue Jean Origer. D’Lokal ass 138 Quadratmeter grouss mat engen zousätzlech 70 Quadratmeter Keller. Interesséiert Leit kënnen tëscht engem a sechs Méint d’Lokal notzen. Bis den 21. Mäerz kann ee seng Kandidatur dofir eraschécken. An och an den zwee Pop-ups an der Rue Philippe II gi vun Abrëll un nei Kandidate gesicht.