Verdacht op Geldwäsch a Bedruch33 Joer al Fra aus Rumänien u Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
Eng 33 Joer al Fra aus Rumänien ass e Mëttwoch vun der däitscher Bundespolizei un d'Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert ginn, well d'Justiz hir Geldwäsch a Bedruch a verschiddene Fäll virwerft.
© Laurent Weber

D'Bundespolizei Tréier huet e Mëttwoch de Moien eng 33 Joer al Fra aus Rumänien un d'Police zu Lëtzebuerg ausgeliwwert. Déi betraffe Persoun souz bis elo an engem Prisong zu Koblenz.

D'Lëtzebuerger Justiz werft der Fra Geldwäsch a Bedruch a verschiddene Fäll am Grand-Duché vir. D'Iwwergab vun der Fra un déi lokal Autoritéiten ass um Grenziwwergank Wasserbilligerbrück geschitt.

Back to Top
CIM LOGO