EU-Kommissär Christophe Hansen op Visitt zu LëtzebuergD'Europäesch Unioun bräicht manner Bürokratie a méi Suen

Marc Hoscheid
An der Chamber huet den CSV-Politiker och dofir plädéiert, datt een am Handelssträit mat den USA éischter op Diplomatie wéi op Konfrontatioun setze sollt.

EU-Kommissär Christophe Hansen op Visitt zu Lëtzebuerg

Wat steet um Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun fir dat nächst Joer? Fir déi Fro ze beäntweren, war de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen um Donneschdeg op Visitt am Grand-Duché, wou hien an der Chamber den Deputéierte Ried an Äntwert stoung. De Message war dobäi an éischter Linn, datt een no bei de Leit wéilt sinn.

D'Europäesch Unioun gëtt jo dacks mat iwwerdriwwener Bürokratie gläichgesat, ma dacks wier et sou, datt d'Memberlänner iwwert d'Direktive vu Bréissel erausginn, wat dann zu méi bürokrateschem Opwand féiere géing. Fir dat nächst Joer hätt een den Aarbechtsprogramm vun der EU-Kommissioun zousätzlech gestrafft an et géing ee grad emol 23 nei Initiativen op den Dësch leeën, vun deenen der 10 zu méi administrativer Vereinfachung féiere sollen. Ma et géing een nach ee Schratt méi wäit goen, esou de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen.

"Mir hunn och decidéiert, 18 Propositiounen zeréckzezéien, well se scho vill ze laang am legislative Prozess festhänken. Dat ass och, well vläicht heiansdo d'Donnéeë bezéiungsweis d'Ausgangslag schonn zäitlech depasséiert ass a wou mer wëssen a gesinn, datt d'Co-Legislateure keen Accord wäerte fannen. Dat sinn Dossieren, un deenen zum Beispill méi wéi 1 Joer net méi dru geschafft ginn ass."

Et wieren aktuell schwéier Zäiten, wou geopolitesch villes géint d'EU lafe géing. Sief et d'Kricher an der Ukrain an am Iran, déi direkt Repercussiounen op déi europäesch Ekonomien an domadder och déi eenzel Bierger hätten oder dem US-President Donald Trump seng protektionistesch Handelspolitik. Fir Ufank Januar dierft den Trump nei Taxen op auslännesch Produiten aféieren, d'EU wéilt awer net op Konfrontatioun mee éischter op Diplomatie setzen.

"Ech menge mir mussen och vill edukativ schaffen, well mir gesinn och, wann ee sech d'Inflatioun an de Vereenegte Staaten ukuckt, dat geet komplett an déi aner Richtung wéi dat, wat den Här Trump gären hätt. An dat huet och mat deenen dote Saachen ze dinn, well Handel fléisst ëmmer an zwou Richtungen."

Wat d'Landwirtschaft ugeet, wat jo dem Christophe Hansen säi Ressort ass, sou war et do ënnert anerem d'Annonce, datt een zesumme mat der europäescher Investitiounsbank dru schaffe géing, fir Reassurance fir déi Kulturen ze garantéieren, déi d'Assureuren net verséchere wëllen, well de Risiko opgrond vum Klimawandel ze grouss ass. Gläichzäiteg misst ee sech awer och upassen a méi staark op alternativ Produktioune setzen.

Um Bord vu senger Visitt gouf de Christophe Hansen och no senger Meenung zu de Verhandlungen iwwert den neie pluriannuellen EU-Budget gefrot. Vill Staats- a Regierungscheffen haten déi éischt Propose vun der EU-Kommissioun an Héicht vu ronn 2 Billiounen Euro jo als vill ze héich kritiséiert a mëttlerweil ass kloer, datt déi Zomm ee gudde Krack no ënnen ugepasst wäert ginn. Den CSV-Politiker gesäit déi Entwécklung iwwerdeems kritesch.

"Mir kënnen net weider eis eegen Zëppercher doheem kachen, do brauche mer och méi Moyenen, wa mer wierklech wëllen effikass um Terrain sinn, wa mer wierklech wëllen eng Koordinatioun an och Infrastrukturen opbauen, an der Defense, an der Energie, dat geet net ouni Suen, dofir kann een natierlech net soen, et muss ëmmer manner ginn. Ech verstinn awer och d'Erausfuerderungen, déi eis national Regierungen hunn, fir ee Budget och doheem."

Dat beschte Beispill wier d'Belsch, wou de Sträit iwwert de Budget dozou féiere kéint, datt d'Regierung zerbrécht.

Back to Top
CIM LOGO