Am VideoVill Aarbecht fir d'Post wéinst Black Friday

Gilles Hoffmann
Zanter e puer Joer gëtt de Black Friday och zu Lëtzebuerg "gefeiert". Och am lokale Commerce lackelen d'Geschäfter mat Remisen. D'Post huet wéinst dem Onlinehandel zanter dëser Woch bis Chrëschtdag vill ze dinn.

Mam Black Friday an dem Chrëschtdagsgeschäft klëmmt d'Zuel u Päck, déi d'Post verdeele muss. Dat sot och de Vincent Marotta vun der Post am RTL-Interview. Den Onlinehandel géif weider wuessen, well ëmmer méi Leit hir Kaddoen an aner Akeef um Internet maachen.

Bis de 24. Dezember rechent d'Post dowéinst mat engem besonnesch héije Volume u Colisen. D'Päck ginn iwwer déi verschidde PackUp-Statiounen, der Post oder de verschidde Liwwerdéngschter verdeelt. De 24. Dezember wäert de leschten intensiven Dag ginn, well vill Leit hir Kaddoen nach pünktlech fir de 25. Dezember wëllen doheem hunn, esou de Vincent Marotta.

Dësen Artikel gëtt am Laf vum Dag nach ergänzt an den Owend ass am Journal vun der Tëlee e längere Reportage.

Back to Top
CIM LOGO