Wéi d’Police an engem Communiqué matdeelt, hätt den Automobilist aus bis ewell ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwert säin Auto verluer, wier an de Géigeverkéier geroden, do mat engem aneren Auto a schliisslech mat engem Bus aneneegerannt. Trotz Reanimatiounsmoossname vun de Secouristen ass hien nach op der Plaz u sengen uerge Blessure verscheet. De Chauffer vum zweeten involvéierten Auto, de Buschauffer a véier weider Passagéier aus dem Bus koume fir Kontrollen an d’Spidol. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police gouf vum Parquet domat beoptraagt, d’Ursaach vum Accident erauszefannen.