Verdéngscht am Joer 202137 Bänker zu Lëtzebuerg hunn iwwert eng Millioun Euro verdéngt

RTL Lëtzebuerg
D'Europäesch Banken Autoritéit EBA huet hire Rapport vun de Groussverdénger aus dem Joer 2021 verëffentlecht.
© Hunters Race / Unsplash / Domaine public

Aus dem Rapport geet ervir, dass 2021 net manner wéi 37 Bänker zu Lëtzebuerg iwwert eng Millioun Euro verdéngt hunn. Ënnert hinne sinn der 34, bei deene sech de Montant tëscht 1 an 2 Milliounen Euro apendelt. Bei engem sinn et tëscht 2 an 3 Milliounen an zwee hunn tatsächlech tëscht 4 a 5 Milliounen Euro verdéngt.
Am Rapport, dee 46 Säiten déck ass, ass och ze liesen, dass et déi meescht héichbezuelte Banquieren an Däitschland gëtt, mat 589 Persounen, déi 2021 iwwert eng Millioun verdéngt hunn.

Beim Verdéngscht ass de variabelen Deel net ze negligéieren, well a verschiddene Fäll ass dëse souguer méi héich wéi déi eigentlech fix Pai.

Am Joer 2021 ass d’Zuel vun de Groussverdénger (iwwert 1 Millioune Euro) ëm 41,5% geklommen a geet vun 1.383 am Joer 2020 op 1.957 am Joer 2021, esou d’EBA. Et ass den héchste Chiffer fir d’EU, zanter déi Donnéeën erfaasst ginn (2010).

“Dës Augmentatioun ass enk verbonne mat de gudde globale Performancë vun den Institutiounen, besonnesch am Domaine vun den Investmentbanken, dem Handel an dem Verkaf, dëst an der Suite vun der Delokalisatioun vum Personal aus Groussbritannien eriwwer an d’EU, an allgemeng och wéinst der allgemenger Hausse vun de Paien”, ënnersträicht d’EBA.

Back to Top
CIM LOGO