
E Sonndeg de Mëtteg ass et géint 13:20 Auer tëscht Mamer a Kapellen zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motorrad komm. Eng Persoung gouf blesséiert.
Eng Stonn drop war e Cycliste zu Nidderkuer am Fond-de-Gras gefall. Och hei mellt de CGDIS eng blesséiert Persoun.
Nieft dem Bëschbrand um "Haardhaff" zu Haler, wou eng ganz Rei Asazzentere mobiliséiert goufen, koum et och zu engem Vegetatiounsbrand zu Munzen. Och zu Monnerech huet et gebrannt, zu Stroossen ass Damp an enger Kiche gemellt ginn an zu Kruuchten stoung e Kompostkoup a Flamen.
Weider Asätz gouf et wéinst engem Auto, deen op der N28 tëscht Éiter a Sandweiler a Brand geroden ass, souwéi wéinst gréngem Offall, deen um CR147 tëscht Kanech an dem Bicherhaff gebrannt huet.
Zu Diddeleng ass iwwerdeems eng Persoun an der Rue du Centenaire vun engem Auto ugestouss ginn. Dem Bulletin no gouf awer bei kenger vun den Interventiounen eng Persoun blesséiert.