Kuerz no Allerhellegen an Allerséile stinn op ville Griewer Blummen. D’Leit erënnere sech un hir verstuerwe Familljememberen, mat Léift an Dankbarkeet denkt een u si zréck.
Dat lescht Joer sinn no u 4.500 Mënschen hei zu Lëtzebuerg gestuerwen, liicht manner ewéi nach am Pandemie-Joer 2020. Mat ronn 51 Prozent sinn 2021 och méi Männer verscheet ewéi Fraen. Stierft ee Mënsch, fänkt d’Aarbecht vum Doudegriewer un. Wichteg ass et, eng sozial Oder ze hunn, fir dem Verstuerwenen an Dignitéit ze begéinen.
Nieft dem klassesche Begriefnis an enger Luet, déi dann an engem Graf bäigesat gëtt, ginn et mëttlerweil och aner Méiglechkeeten: do wär et d’Verbrennen zu Hamm. Goufe viru 5 Joer 2.617 Leit ageäschert, waren et der dat lescht Joer 3.119.
Zu Lëtzebuerg ginn et queesch iwwer Land eng 25 Bëschkierfechter. Net méi spéit ewéi de 4. November gouf tëscht Monnerech a Lampech en neie Bëschkierfecht inauguréiert. Ëmmer méi kënnt et op, datt sech e puer Gemengen zesummendinn, fir ee Bëschkierfecht ze maachen.