
An der Escher Strooss an der Stad gouf kuerz no Mëtteg eng Persoun ugestouss a verwonnt. E Chauffer hat d'Passantin net um gesinn, wéi hien aus der Rue Jean Jaures koum. D'Fra ass op de Buedem gefall, war awer uspriechbar an ass an d'Klinick bruecht ginn. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Och zu Ettelbréck, déi Kéier kuerz viru 15.00 Auer, war eng Persoun ugestouss ginn. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Ettelbréck ware geruff ginn.
Zu Heischent war géint 15.40 Auer en Auto de Rampli erofgaangen. 1 Persoun war blesséiert a gouf vun den Ambulanciere vun Ettelbréck betreit. D'Pompjeeën Alebesch waren am Asaz. Op der Kockelscheier hat sech kuerz virun hallwer 5 en Auto iwwerschloen. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt. D'Ambulanz SaDiff an d'Pompjeeën aus dem Réiserbann waren do.
Zu Biwesch dann huet am Nomëtten eng Heck gebrannt. D'Pompjeeë vun Ëlwen hu sech dorëms gekëmmert.