
29 Policebeamten an een Drogenhond waren am Asaz an hu wärend 90 Minutte an Zich a Busse kontrolléiert. Op Uerder vum Parquet goufe 4 Verdächteger festgeholl. Si haten e Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. Well bei 3 vun hinnen de Verdacht bestoung, dass si Drogen am Kierper géingen transportéieren, gouf eng klinesch Untersuchung gemaach. An 2 Fäll goufen Droge fonnt. Am grousse Ganze konnten 38 Kugele saiséiert ginn.
2 weider Verdächteger goufe wéinst Drogebesëtz festgeholl. Och hei konnten e puer Kokain-Kugele séchergestallt a beschlagnaamt ginn.
6 weider Persoune goufe protokolléiert.
Zu Péiteng huet d'Police donieft eng Hausduerchsuchung duerchgefouert.
Am grousse Ganze goufen 73 Kugele mat Droge fonnt, 17 Tute mat Cannabis-Produiten, 1.250 Euro Boergeld, 9 Telefonen, 3 gefälschten Dokumenter an Drogen-Utensilien.
Schonn e Mëttwoch haten d'Beamte vun der Police eng gréisser Quantitéit Drogen am Péitrussdall entdeckt. An enger Heck goufe Kokain- an Heroin-Kugele verstoppt. Dës goufe séchergestallt an eng Enquête an d'Weeër geleet.