
Geschitt ass dëse Virfall um kuerz no 10 Auer e Sonndeg de Moien, dat op der RN07 tëscht Housen a Maarnech. E Cyclist gouf hei vun engem Auto ugestouss, eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz viru 5 Auer e Sonndeg de Moien ass zu Iechternach en Auto géint e Bam gerannt, 2 Persoune goufe blesséiert.
Géint 10.15 Auer koum et dann nach zu Esch an der Rue Nicolas Biever zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.