
Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 5 Patienten op der Intensivstatioun. E Mëttwoch goufen 140 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 10.747 aktiv Infektiounen, 179.255 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.269.417 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 191,76 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 182,36 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.