
D’Regierung hält um Zil fest, fir am Conseil vun Administratioune vun ëffentleche Gebaier 40% Fraen ze hunn. Doriwwer eraus wëll den Egalitéitsministère weiderhi géint Stereotyppe sensibiliséieren, fir doduerch och méi Gläichberechtegung ze kréien. Dat äntweren déi zoustänneg Ministeren Taina Bofferding a Marc Hansen op eng parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierte Stéphanie Empain a Chantal Gary.
An där Fro ginn och d’Zuelen aus dem Observatoire de la Fonction Publique genannt. Deemno wieren, Stand Enn 2021, 75% vun de Chefposte bei Ministèrë vu Männer besat a knapp iwwer 25% vu Fraen.
Bei de staatlechen Administratiounen hunn d’Männer bal 73% vun de féierende Posten an d’Frae knapp iwwer 27%, wéi an der Question parlementaire erënnert gëtt.