
Tëscht 23.30 Auer an 3.30 Auer huet d’Police, op Uerder vum Parquet, op dräi Plazen Alkoholskontrollen duerchgefouert.
Zu Esch-Uelzecht sinn 170 Chauffere kontrolléiert ginn. A véier Fäll war den Test positiv an ee Procès-verbal ass ausgestallt ginn. Ee Fürerschäin ass op der Plaz abehale ginn an dräimol waren d’Pabeieren net an der Rei.
Zu Féiz hu sech 80 Automobilisten dem Alkoholstest mussen ënnerzéien. Hei war en a siwe Fäll positiv, siwemol ass e Procès-verbal geschriwwe ginn an zwee Permise waren direkt fort.
An der Stad ass 157 mol geblose ginn, 10 mol huet den Test de Konsum vun Alkohol nogewisen. Sechs Procès-verbalen a véier Avertissements taxés sinn do geschriwwe ginn. Ee Fürerschäin ass op der Plaz agezu ginn, an an zwee Fäll waren d’Pabeieren net an der Rei.
An der Nuecht op e Samschdeg sinn dann zu Leideleng, Diddeleng a Stengefort jeeweils Automobilisten opgefall, déi a Schlaangelinnen ënnerwee waren, respektiv d’Virfaartsreegelen net beuecht haten. An allen dräi Fäll hat de Chauffer ze vill gedronk, a war doropshin de Permis lass.