SOS Village d'Enfants Monde45. Gebuertsdag gouf mat engem Duerffest an der Stad gefeiert

RTL Lëtzebuerg
D’Visiteure konnte sech op de verschiddene Stänn informéieren a bei engem Sensibiliséierungs-Quiz mat maachen.
© SOS Villages d'Enfants Monde

En Duerffest matzen an der Stad. Dat am Kader vum 45. Anniversaire vun der Associatioun SOS Villages d’Enfants Monde. En Donneschden goufen op der Place d’Armes Aktivitéiten wéi Quizzer ugebueden. Et wollt een op sech Opmierksam maachen.

45 Joer SOS Village d'Enfants Monde / Rep. Danielle Goergen

Dat Ganzt gouf musikalesch vun der Chorale aus der École Saint-Anne vun Ettelbréck begleet. D’Visiteure konnte sech iwwerdeems op de verschiddene Stänn informéieren a bei engem Sensibiliséierungs-Quiz mat maachen. Do gouf et déi nei T-Shirte vun der Associatioun ze kafen, op déi ee ganz houfreg wier, esou d’ Directrice Sophie Glesener.

Direktesch Sophie Glesener: “Mir hunn eng léif Ënnerstëtzung vun dem Lëtzebuerger Kënschtler Jacques Schneider, deen och elo schonns zanter 2 Joer fir eis engagéiert ass. Hien hat déi flott Iddi een T-Shirt ze entwerfen, just fir eis Associatioun an dat eben och am Kader vun de 45. Joer déi mir elo feieren.”

Souveniren aus den eenzele Partnerlänner gouf et och ze kafen. D’Sophie Glesener bréngt dës gär emol aus den Dierfer mat erëm. Nieft deenen afrikanesche Länner ënnerstëtzt d’Associatioun zanter 3 Joer eng ganz Rei vu Projeten am Libanon, a Syrien an am Irak.

Direktesch Sophie Glesener: “Mir hunn awer och eng ganz wäertvoll Projeten, wou mir och eben ee méi wichtegen inauguréiert hunn, dat Dank der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg, vun eisen Donateuren a vun eiser Regierung. Do hu mir ee Centre d’Éducation et de Formation professionnelle fir d’Flüchtlingskanner an déi Jonk opgemaach. Do wäerten iwwer 900 Jonker kënnen dovunner profitéieren.”

Am Kader vum Anniversaire organiséiert d’SOS Villages d’Enfants Monde den 10. Oktober e Beneficeconcert an der Philharmonie. Dat mam Lëtzebuerger Museker a Komponist Pascal Schumacher.

Back to Top
CIM LOGO