D’Begrëffer Sexismus oder sexuell Belästegung ëmfaassen eng Rei vun Aktiounen: vun opdréngleche Remarke bis Beréierungen oder och Vergewaltegung. Kuerz virum internationale Fraestreik den 8. Mäerz wier et also eng gutt Geleeënheet, duerch hir Etüd méi op de Sujet opmierksam ze maachen, well et zu Lëtzebuerg nach net vill Donnéeën doriwwer géinge ginn. D’Etüd vum Fraen-Departement vum OGBL baut op zwee Deeler op. Am éischten Deel goufen d’Frae gefrot, ob se schonn Affer gi si vu sexueller Belästegung oder Sexismus. D’Enquête huet Fraen aus de verschiddenste Beruffer befrot. Dozou d’Manon Meiresonne, Responsabel vun der Studie:
“Par secteurs d’activité les plus représentés, on a le secteur du commerce, de l’éducation et des sciences, le secteur de la santé et les banques et les assurances. Par exemple dans les banques et assurances, on se rend compte qu’il y’a vraiment un problème de harcèlement sexuel et de sexisme et souvent, c’est le responsable hiérarchique qui est mis en cause.”
Am zweeten Deel goufen d’Fraen du gefrot, ob se scho sou genannten “actes banalisés” erlieft hunn. Beispiller fir esou Aktioune sinn, datt d’Frae sech am Beruff net eescht geholl fillen oder d’Gefill hunn, dass se manner usprochsvoll Aufgabe kréie wéi hir männlech Kolleegen. Wéi awer bestëmmten Aktioune géingen opgeholl gi, läit ganz bei de Frae selwer:
“C’est une question de ressenti, une question de situation. Une personne peut prendre une chose mal, une autre peut la prendre bien. C’est pour cela, qu’on ne peut pas mettre une étiquette facilement. Le ressenti est très important dans les relations au travail et c’est pour cela qu’on doit prendre en considération cette mesure là aussi.”

Iwwer d’Halschecht vun de concernéierte Frae géinge sexistesch Aussoen oder Belästegungen awer net hirem Employeur mellen. Dëst géing weisen, dass déi betraffe Persounen net genuch Vertrauen an d’Strukture vum Betrib hätten. Eppes, wat sech an de Betriber ännere muss:
“Il y a tout un travail de prévention et de sensibilisation à mettre en place, que nous en tant qu’Equality nous jugeons insuffisant à l’heure actuelle. La formation est importante. Le rôle du délégué à l’égalité doit être mieux défini et il y a une culture d’entreprise à améliorer pour le bien-être des femmes au travail, mais egalement le bien-être de chacun”.
D’Resultater aus der OGBL-Etüd géinge weisen, dass de Sujet eescht ze huele wier. Et sollt net nëmmen iwwer d’Egalitéit tëscht Mann a Fra geschwat ginn, mä och wierklech eppes dofir gemaach ginn, sou nach d’Vertriederinne vum Fraen-Departement Equality.