AdriaNews transferéiert hir Aktivitéiten op Lëtzebuerg

© Corinne Folscheid / RTL
De Wirtschaftsminister huet bekannt ginn, dass sech ee weidere groussen internationale „Player“ aus dem Mediesecteur hei zu Lëtzebuerg néier léisst.
Rieds geet vun der Gesellschaft AdriaNews, déi geplangt huet all hir Aktivitéiten an de Grand-Duché ze transferéieren. An enger éischter Phase gi 50 Aarbechtsplazen hei am Land geschafen. Den Etienne Schneider ass zefridden, dass de Grupp déi Decisioun geholl huet.
Etienne Schneider: Dee schonn eng Zäit zu Lëtzebuerg ass, mä eigentlech just seng Finanzgeschäfter zu Lëtzebuerg gemaach huet... dee mer iwwerzeegt kruten, dass en och seng operativ Geschäfter soll op Lëtzebuerg bréngen. D.h. e kënnt mat senge Kanäl, mat sengen Chanelen op Lëtzebuerg. An deemnächst wäerten nach 19 weiderer dobäi kommen. Dat baut Lëtzebuerg als Mediestanduert aus an et gëtt eis natierlech vill Hoffnung, dass dat an Zukunft och sou weider geet.
Verschidde Sitte goufen an Europa analyséiert, et hätt een sech awer fir de Standuert Lëtzebuerg entscheed, sou de Ralf Manthey, CEO vun der Gesellschaft. Hei am Grand-Duché wier d'Ëmfeld einfach optimal.
Aktuell beschäftegt AdriaNews ronn 2.000 Mataarbechter. Hei zu Lëtzebuerg sollen an enger éischter Phase 50 Aarbechtsplazen entstoen. 2002 hat Sociétéit mat ganzer 5 Leit ugefaang. Haut exploitéiert d'Gesellschaft eng ganz Rëtsch vu Chaînen am Raum Ex-Jugoslawien, dat geet vu Sport a Kannerprogrammer, bis hin zu Filmer a soss Entertainment. Op eemol gouf et awer och ee Besoin no engem Noriichtesender, seet de Ralf Manthey.
Donieft wor et d'Annonce, dass vu Februar un eng nei Noriichtechaîne fir d'Länner aus der Regioun vun Ex-Jugoslawien un de Start geet. D'Lizenz fir duerfen ze diffuséieren, gouf hei zu Lëtzebuerg ugefrot.
Fir op bestëmmte Formater, Breaking-News an international Noriichten Accès ze hunn, gouf ee Kooperatiounsaccord mat CNN ënnerschriwwen. Weider ass d'Gesellschaft a Verhandlunge mat der Lëtzebuerger Noriichtenagence ENEX.