
Géint 17.30 Auer koum et an der Lëtzebuerger Strooss zu Leideleng zu engem Accident mat engem Blesséierten.
Um 17.53 Auer gouf et 2 Blesséierter bei engem weideren Accident tëscht Hamm a Sandweiler.
Tëscht Ettelbréck an Uewerfeelen war een Autosaccident kuerz no 19 Auer. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Grad ewéi beim Accident op der Diddelenger A3 Direktioun Stad géint 21.05 Auer.
Dernieft gouf et e Kichebrand zu Déifferdeng, wou et awer beim Materialschued blouf.
Gebrannt huet et an engem Appartement och en Donneschdeg de Moie géint 6.30 Auer zu Peppeng an der Rue de la Montagne. D'Detailer feelen.
Zu Mutfert an der Réimecher Strooss krute sech um 7.23 Auer en Auto an ee Moto ze paken. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.