CGDIS5 Blesséierter bei 5 Accidenter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Gerabbelt hat et um Schinker, zu Duelem, zu Rodange, zu Lalleng an zu Réimech. Bei all den Accidenter gouf jee eng Persoun blesséiert, schreift de CGDIS.

Géint 6.40 Auer sinn um Schinker zwee Autoen aneneegerannt. D’Pompjeeë vun Housen an d’Ambulanz vu Clierf waren am Asaz.

Kuerz virun 9 Auer sinn zu Duelem en Auto an e Moto net laanschtenee komm. D’Ambulanz vu Réimech, grad ewéi d’Pompjeeë vun Duelem goufen op d’Plaz geruff.

Um 10 Auer ass en Auto direkt an e puer geparkten Autoe gerannt, dëst zu Réimech. D’Ambulanz vu Beetebuerg war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Réimech.

Um 16.05 Auer sinn zu Rodange zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei waren d’Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng, souwéi d’Pompjeeë vu Péiteng op der Plaz.

Kuerz no 16 Auer hat et och zu Lalleng gerabbelt. Hei sinn zwee Autoen anenee geknuppt. Souwuel d’Pompjeeën, wéi och d’Ambulanz vun Esch waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO