
Um Gaasperecher Kräiz ass e Gefier um 6.10 Auer géint d'Leitplanke geroden. 1 Persoun gouf hei blesséiert.
Kuerz viru 7 Auer gouf dem CGDIS en Accident zu Réimech an der Route du vin gemellt. De Bilan sinn hei 2 Blesséierter.
Op der A1 tëscht dem Kierchbierg an dem Tunnel Cents krute sech um 7.51 Auer 2 Autoen ze paken. Och hei goufen 2 Persoune verwonnt.