Um Härebierg zu Dikrech52 nei Rekrutte bei der Arméi vereedegt

Diana Hoffmann
D'Arméi muss prett gemaach ginn, fir d'Erausfuerderungen unzegoen. Dat sot d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.

Fir bei der Arméi Fouss ze faassen, misst d’Valeur caractrérielle stëmmen, sot de Colonel Schoeben e Freideg bei der Vereedegung vun 52 neie Rekrutten an der Sportshal um Härebierg. Dorobber géing ee bei der Arméi bestoen. “De Kader muss de Rekrutt bewäerten a sech fir all Rekrutt d’Fro stellen: ‘Wëll ech deen doten herno a menger Ekipp. Dat heescht, och wann ech de Réck gedréint hunn, kann ech mech op e verloossen, kann ech ëm vertrauen, ass e fiabel?’ A fiabel, domat ass alles gesot”, huet den Alain Schoeben, Kommandant vun de Forcen ënnerstrach.

Iwwert déi 207 Sessioun, déi vereedegt ginn ass kéint ee soen, dass vun den 79 Persounen, also 70 Prozent d’Grondausbildung gepackt hunn. Dat wier e Resultat, wat an der Norm wier. Net enorm gutt an net katastrophal schlecht. Vun de Kandidaten hätten er der da scho siwen an der éischter Woch opgehalen. Bei de Rekrutten, déi dës Woch zu 79 ugefaangen hätten, wieren et der elo schonn 12 manner. “Obwuel se all Joer fräiwëlleg kommen. Obwuel se op den Härebierg kommen fir hir Musterung ze maachen an déi éischt Woch de Programm vun der Grondausbildung nach net richteg ugefaangen huet, sinn et der schonn, déi den éischten oder zweeten Dag nees wëllen Heem goen”, sou de Colonel Alain Schoeben. Dëst wier komesch, mee et wier esou. 15 hunn, de Chiffere vum Colonel no, d’Grondausbildung ofgebrach an 12 hu se net gepackt, wat u sech vill wier. Grond fir d’Duerchfale wier hei besonnesch d’Valeur caractérielle gewiescht.

Mam Bléck op d’geostrategesch Lag an Europa wier kloer, dass d’Arméi misst méi grouss ginn a méi Kapazitéite kréien. Awer och d’Karriäre bei der Arméi missten a wäerten an Zukunft méi attraktiv ginn, sot d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes. En entspriechende Gesetzesprojet wier um Instanzewee. “Besonnesch fir iech, léif Zaldotinnen an Zaldoten, bréngt dat wierklech ganz considerabel Verbesserunge mat sech. Net nëmme kritt dir all mindestens 530 Euro Solde méi am Mount. Och d’Mobilisatiounsprimm gëtt eropgesat. An de Solde wäert méi séier klammen”, sot d’Ministesch virun de Rekrutten.

Dat bescht Ekipement an eng héichwäerteg Formatioun wieren, ënner anerem am Hibléck op déi ambitiéis Nato-Ziler, néideg. “D’Nato mécht sech och prett fir eng nei Ära vun Dissuasioun a vu kollektiver Verdeedegung. D’Nato muss méi europäesch sinn, wa mir wëllen d’Nato behale mat dem transatlantesche Lien”, sou d’Verdeedegungsministesch. Méi europäesch ze ginn, wäert och Lëtzebuerg eppes kaschte. Mee dat misst de Fridde wäert sinn. Eng gutt opgestallten Arméi wier da kee Luxus, mee haut méi wei jee absolut Necessitéit.

52 nei Rekrutte bei der Arméi vereedegt
Fir bei der Arméi Fouss ze faassen, misst d’Valeur caractrérielle stëmmen, sou de Colonel Schoeben bei der Vereedegung vun neie Rekrutten um Härebierg.

Back to Top
CIM LOGO