De Premier vu Singapur op Visite zu Lëtzebuerg

© 2014 Cour grand-ducale/tous droits réservés
Offiziell Visite e Mëttwoch vum Premier vu Singapur, fir de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war et säin éischten offizielle Besuch aus Asien.
An de Gespréicher ass et ëm déi bilateral Relatioune gaangen, notamment d’Méiglechkeet vun engem Fräihandelsaccord tëscht der EU a Singapur. De Lëtzebuerger Premier steet hannert där Iddi an hofft, dass et séier geet. Donieft ass et drëms gaang, dass d’Lëtzebuerg d’Bankgeheimnis geschwënn opgëtt, mat der Fro wéi transparent Singapur ass. De Premier Lee Hsien Loong huet ënnerstrach, dass säi Land op der wäisser Lëscht vun der OECD steet.
Hie präziséiert, dass et keng Kompetitioun ass, wien am proppersten do steet, mä et geet drëm respektabel a strikt Reegelen opzestellen déi sécherstellen, dass d’Gesetzer agehale ginn. All Verdacht muss een nogoen a wann eppes Illegales geschitt, muss een aktiv ginn. D’Cooperatioun mat anere Länner soll kloer geregelt ginn. Gläichzäiteg muss awer och eng gewësse Confidentialitéit fir d’Acteuren am Finanzsecteur bestoen.
Dem Premier vu Singapur no, ass een der selwechter Meenung wéi Lëtzebuerg, nämlech dass fir jiddereen déi selwecht Regele sollte gëllen. De Premier Xavier Bettel betount, dass en e Kader brauch, deen dat regelt. Wann ee 5 oder 6 Systemer huet, da wier dat net richteg. D’EU gëtt sech elo sou ee Kader. G20 an OECD schaffen och un engem. An dat misst dee selwechte sinn.
Nieft de Gespréicher mam Xavier Bettel, hat de Premier vu Singapur och een Iessen am Palais an engem Visite vum Chamberpresident.

© 2014 Cour grand-ducale/tous droits réservés