Vun 22.29 Auer bis 3.17 Auer zielt de Bulletin vum CGDIS véier Accidenter mat fënnef Blesséierten.

Um 22.29 Auer waren an der Rue du Fossé zu Esch en Auto an eng Trottinette aneneegerannt, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. E weidere Blesséierten, och zu Esch, gouf et dann um 23.15 Auer an der Rue de Belval. Am Bulletin geet vun engem accidentéierte Won Rieds. A béide Fäll waren d'Rettungsekippe vun Esch a Schëffleng am Asaz.

Um 23.23 Auer sinn an der Péiter-vun-Uespelt-Strooss zu Uespelt zwee Gefierer net laanschtenee komm. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn, ëm déi sech d'Secouriste vun Diddeleng, Uespelt a Fréiseng gekëmmert hunn.

Zwee Blesséierter gouf et dann am fréie Sonndegmoien, dat géint 3.17 Auer um Boulevard Victor Thorn am Pafendall, wou en Auto accidentéiert war. D'Stater CGDIS-Ekippe waren am Asaz.

Um 3.47 Auer dann en Asaz fir d'Réidener Pompjeeën an der Eller Strooss: Hei hat en Auto gebrannt, blesséiert gouf awer keen.