D'Stad Lëtzebuerg huet déi deierste Loyeren an Europa
Mat engem Duerchschnëttspräis vun 43,4 Euro de Quadratmeter huet d'Stad Lëtzebuerg déi deierste Loyeren aus ganz Europa, sou eng nei Etüd vun Deloitte.
Dem neiste Property Index vun Deloitte no ass d'Stad Lëtzebuerg déi deierste Plaz an Europa fir ze lounen, dat mat engem Duerchschnëttspräis vun 43,4 €/m² am Joer 2024. Déi järlech Etüd vergläicht 77 Stied an Europa a weist, datt d'Haaptstad vum Grand-Duché esouguer Paräis (32 €/m²) an Dublin (31,7 €/m²) iwwertrëfft.
De Rapport huet Lëtzebuerg och als dat deierst Land an Europa fir nei Wunnengen agestuuft.
Den Ënnerscheed zu den Haaptstied an deenen zwee aneren Nopeschlänner ass dobäi nach méi gravéierend: zu Bréissel ass den Duerchschnëttspräis vum Loyer ronn 15 €/m², wärend et zu Berlin 18,4 €/m² sinn – manner wéi d'Hallschent vun der Stad Lëtzebuerg.
De Rapport weist och, datt d'Präisser an der Stad tëscht 2023 an 2024 ëm 16 Prozent geklomme sinn, dat wéinst staarker Demande an enger limitéierter Offer u neie Wunnengen am Zentrum vum Land. De Präis fir miwweléiert Zëmmeren ass ëm 2,2 Prozent am Verglach zum Joer virdru geklommen, wärend Locatairen am Duerchschnëtt mat enger Hausse vum Loyer vun 1,7 Prozent konfrontéiert waren.
D'Etüd erkläert dës Entwécklung mat enger bekannter Kombinatioun vu Facteuren: wéineg Aktivitéit am Bau, zréckhalend Investisseuren an e staarken Zoufloss un internationale Mataarbechter, déi d'Demande héich halen. Allerdéngs betreffen des Ëmstänn net just Lëtzebuerg, wéi Deloitte schreift, de Locatiounsmarché a ganz Europa ass am Allgemenge méi kompetitiv ginn, well nei Wunnengen duerch héich Zënse méi schwéier ze finanzéiere sinn.